De Summer ka kommen, d’Vëlo-Eventer am Kanton Réiden

Endlech ass d’Saison vum Vëlo nees do a mir hoffen, dass Dir dëst Joer vill Zäit am Suedel op eise flotte Vëlospiste verbrénge kënnt. Fir dass dëst och sécher klappt, invitéiere mir Iech bei follgenden Eventer matzerullen.

2. Juni 2024

Balade à vélo transfrontalière

Zesumme mam Syndicat d’Initiative vun Thiaumont a mam Parc naturel de la Vallée de l’Attert, organiséiert d’Gemeng Ell an de Syndikat Kanton Réiden e grenziwwerschreidende Vëlostour. Op dësem ofwiesslungsräiche Rondtour vun 31km mat 330 Héichtemeter, léiert Dir de Parc naturel de la Vallée de l’Attert an d’Gemeng Ell vun hirer schéinster Säit kennen a fuert duerch eng ganz Rei pittoresk Dierfer. Den Ofschloss op Lëtzebuerger Säit ass am schéine Schlasspark vum Roude Kräiz.

Wéini ?
Sonndes, den 2. Juni 2024
Fräien Depart tëscht 9h30 a 14h00 ;
Depart am Grupp mat Guide um 10h00 vu Koulbich

Depart/Zil

  • Koulbich (L) - Park vum Roude Kräiz (Uewerpallenerstrooss)
  • Thiaumont (B) - La Marronnelle (rue de l’Église 220)

Drénk- & Iessstänn
Koulbich an Thiaumont

Riichtduerch markéiert (an eng Richtung), ouni Umeldung, gratis

3-4 & 10-11 August 2024
Vëlosummer am Wëlle Westen

Dëst Joer maachen d’Gemenge vum Kanton Réiden erëm bei der nationaler Campagne vum Vëlosummer mat. Mat bal 52km ass dëst Joer de Wëlle Westen Tour méi grouss, an e geet och bis an d’Gemeng Helperknapp luussen. Mee fir déi extra Portioun Ustrengung, versprieche mir Iech, dass Dir räichlech wäert mat herrleche Vue’en a spannende Weeër belount ginn ! Den Tour léisst sech gutt mat all Vëlo fueren. Ënnerwee wäert och fir den Honger & Duuscht gesuergt sinn.

Wéini ?

  • Samschdes & sonndes, 3. & 4. August, fräien Depart ab 8h00
  • Samschdes & sonndes, 10. & 11. August, fräien Depart ab 8h00

Offiziellen Depart/Zil
P&R Schweebech. Dir kënnt natierlech och iwwerall op der Streck starten

22. September 2024
Vëlostour mat lokalem & musikaleschem Brunch

Am Kader vun de Mobilitéitswochen organiséiert de Syndikat Kanton Réiden e Vëlostour op dem wonnerschéinen Dällchen West Tour (26km) mat uschléissend engem Brunch zu Useldeng mat lauter verschidde lokale Produkter aus dem Wëlle Westen, preparéiert vum Neie Kachmann vun Nidderpallen.
De Brunch gëtt musikalesch begleet vun der lokaler Band Radiostation.

Wéini ?

  • Sonndes, den 22. September 2024, de Brunch-Buffet am Centre Culturel vun Uselding ass tëscht 10h30 an 12h30 op, fräien Depart ab 8h00

Offiziellen Depart/Zil
Tourist Info am Millenhaff zu Uselding

Käschten
29 € / Erwuessener
15 € / Kanner < 12

Ännerungen am Vëlosnetz :

 

Retour