Wéi kann ech hëllefen?

Oft gi mir gefrot wéi d'Leit konkret hëllefe kënnen.

Hei e puer konkret Hëllefs Méiglechkeeten wou dir Iech abrénge kënnt.

  • Mir siche Kleeder déi gutt an der Rei sinn. Des Kleeder ginn verdeelt vun der Réidener Kleederstuff (32, Grand-Rue Redange) geréiert a verdeelt bzw. verkaf. An der Haaptsaach feelen am Moment Kleeder fir jugendlech, jonk Männer. Am meeschten gi kleng Männer Gréissten gebraucht.
    Dir kënnt d'Kleederstuff direkt kontaktéieren

 Caritas Buttek Redange

32,Grand-rue
L-8510  Redange

Responsable: Madame Caty Diop
Téléphone: +352 402 131 547
courriel: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Heures d'ouverture:

  Lundi 15:30 Heure au 19:00 Heure
  Mardi 09:30 Heure au 13:00 Heure
  Jeudi 09:30 Heure au 13:00 Heure
  Vendredi 15:30 Heure au 18.30 Heure

 

  • Dir kënnt Iech och als Bénévole an dësem Caritas Buttik zu Réide mellen. Folgend Servicer sinn hei ënner engem Daach: Epicérie sociale, Kleederstuff, Accueil an ee Raum fir Formatiounen ze halen (Franséisch, Lëtzebuergesch an Informatik Coursen). Natierlech geet et hei nit nëmmen em Réfugiéen, mee och em Famillen déi op des Institutioun zréckgräife mussen. Déi Fräiwëlleg kënnen hëllefen an dëse Beräicher:
    • Tri vum Gezai 
    • Verkaf
    • Accueil
    • Epicérie sociale
    • Kure ginn

  • Am selweschte Kontext kéinte mer erwähnen, dass mir Leit Fräiwëlleger brauchen déi sech als Coach engagéieren. Mir wëssen alleguer wéi schwéier et ass sech an enger neier Liewenssituatioun, an enger neier Géigend, an engem neie Land zu recht ze fannen. De Coach begleet déi eenzel Persoun oder Famill bei hiren Demarchen (z.B. Administrativ Demarchen). 

  • Mëttelfristeg brauche mir bei eis am Eck Leit fir lëtzebuergesch a franséisch Kuren ze halen. Dir kënnt Iech elo well bei eis fir dësen Zweck androen a mir kommen op Iech zréck bei Bedarf. (mellt Iech iwwer d'Adress Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser. bei eis)