Aide Réfugiés image 1

 

 

Léif Leit alleguer,

Wéi mir zu puer am August 2015 eng Hëllefsaktioun fir Flüchtlingen wollten starten, hu mir beim OLAI nogefrot, wat dann am Meeschte géing gebraucht gin a sinn dunn gewuer ginn, dass souwuel den OLAI wéi och d’Croix-Rouge, d’Caritas an d’Flüchtlingsstrukturen hoffnungslos iwwerlaascht waren vun all de gutt gemengten Aktiounen vun de Leit, fir Gezei, Iessen a sosswellech Saachen ze spenden. Dat huet eis op d’Iddi bruecht, eis iwwert de Syndikat vum Réidener Kanton eng offiziell Struktur ze ginn, fir dës Aktiounen zentral fir déi 10 Gemengen ze koordinéieren an eis ze konzertéieren, wat wou gebraucht gëtt. A wann Flüchtlingsfamillen bei eis opgeholl ginn oder mir iwwer kuerz oder laang och eng Flüchtlingsstruktur an de Kanton sollte kréien, si mir besser virbereed, souwuel materiell wéi organisatoresch a logistesch.

Mir hunn eis mat all den Acteuren fir Flüchtlings- a Sozialhëllef vernetzt, fir si z’ënnerstëtzen an hinnen ze hëllefen, ënnert anerem mam Caritas Fairness Center zu Réiden, dem OS Care, de Parverbänn (Initiative Reech eng Hand), der Croix-Rouge, dem Foyer Felix Schroeder zu Réiden, der Caritas, eisen Integratiounskommissiounen, dem Genderhaus, der ASTI, dem OLAI, der Agence du Bénévolat, der Spëndchen (neien Centre National de Collecte et de Tri) an der Neier Aarbecht.

Éischt Aktioune si scho gelaf, z.B. ass en éischte Flyer vun eis schon am Ëmlaf; et handelt sech heibäi em en Opruff fir Gezei a fir Bénévolen. Ausserdem hu 5 Meedercher vun der T3CM vum Atert Lycée als Projet eng Visite guidée vun eiser Haaptstad fir Flüchtlingen organiséiert, déi immens ott war. E puer vun eis hunn an der Stad gehollef, am fréiere Monopolgebai eng Flüchtlingsstruktur opzebauen. Fläisseg Dammen hun zu Useldéng d’Gezei, dat mir op eisen Opruff hi scho kritt hun, fir d’Kleederstuff triéiert. Duerch eis Aktiounen hu mir ausserdem immens léif Leit kennegeléiert, déi sech spontan gemellt hun a souwuel materiell wéi mënschlech d’Flüchtlingen ënnerstëtzen. Mir soën all deene Leit op dësem Wee scho mol e ganz grousse MERCI !!!

Am Moment si mer nach op der Sich, zesumme mat de Gemengen, no engem drëschenen, propperen Depôt fir Saachen ze stockéieren, déi un d’Flüchtlingen verdeelt kënne ginn, wéi Miwwelen, Kutschen, Poussetten, Parzelläin, Spillsaachen, Gezei, Schoulsäck a -Saachen, asw. De Caritas Fairness Center zu Réiden stéisst u séng Grenzen, fir alles ënnerzebréngen. Well eis Aktioun gëlt nët nëmmen de Flüchtlingen, mee ass och fir Leit, déi an enger prekärer Situatioun sinn, sief et, dass se hiert Heem duerch e Brand verluer hunn oder duerch soss eng Ursaach an eng Noutsituatioun gerode sinn an elo Gezei, Miwwel a sosswellech Ariichtungsgéigestänn brauchen.

Aide Réfugiés image 2

Wéi kënnt dir hëllefen ?

Hei e puer konkret Hëllefsméiglechkeeten, wou Dir iech abrénge kënnt:

Mir siche Kleeder, déi gutt an der Rei sinn. Dës Kleeder gi vun der Réidener Kleederstuff (Caritas Fairness Center, 32 Grand-Rue, Réiden, vis-à-vis vun der Apdikt) verwalt a verdeelt, bzw. verkaaft. An der Haaptsaach feelen am Moment moudesch Kleeder fir jonk, schlank Männer (Small-Medium, Taille 28-32, Schonggréisst 39 - 42). Awer och all aner Gezei, Bicher, Spillsaachen, Dictionnairen, Schoulsaachen si wëllkomm. Dir kënnt d’Kleederstuff direkt kontaktéieren oder d’Gezei dohinner bréngen.

Folgend Servicer sinn beim Caritas Fairness Center ënnert engem Daach ënnerbruecht: d’Épicerie sociale, en Accueil, d’Kleederstuff an e Raum fir Formatiounen ze halen (Franséisch, Lëtzebuergesch an Informatik-Couren).

Dir kënnt iech och als Bénévole an dësem Caritas-Buttek zu Réiden mellen:

Si brauche Fräiwëlleger an dëse Beräicher:

- Tri vum Gezei
- Verkaf
- Accueil
- Épicerie sociale
- Coure ginn (Franséisch, Lëtzebuergesch ...) Eventuell och individuell Couren bei de Leit doheem.

Mir brauchen ausserdeem Leit, déi sech als Coach engagéieren. Mir wëssen alleguer, wéi schwéier et ass, sech an enger neier Liewenssituatioun, an enger neier Géigend, an engem neie Land zurechtzefannen. De Coach begleet déi eenzel Persoun oder Famill bei hiren diversen Démarchen fir d’Integratioun (z.B. administrativ Démarchen, wou fannen ech wat, asw.)

Wann Dir eis kuerz-, mëttel- oder laangfristeg wëllt hëllefen, da gitt w.e.g. op eisen Internet Site a fëllt eis ”Fiche de Renseignement pour bénévoles“ aus. Mir kommen dann op iech zréck, wa mir Är Hëllef brauchen.

Fir weider Renseignementer mellt iech w.e.g. um
T 26 621 866 oder

per Mail un Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

De Réidener Kanton

Login Form